• HOME
  • AUDIO
    • EIS PRODUKTIOUNEN
  • VIDEO
    • EIS PRODUKTIOUNEN
  • REFERENZEN
  • PRESSE
  • KONTAKT

Den Toun mecht d'Musek!

Den Toun oder Klang ass e ganz wichtege Bestanddeel an eiser Welt. An eisem digitalen Tounstudio, kann all musikaleschen Dram erfëllt ginn. Awer och Live-Opnahmen "sur place" kenne mir maachen. Egal ob groussen Orchester, kleng Kapell oder eenzelne Sänger. Mir hunn dat richtegt Material fir Är Musek opzehuelen, mixen, verbesseren oder live iwwert eis Sonorisatiounen erëmzeginn.

EIS AUDIO PRODUKTIOUNEN
Bild
AUDIO CLEANING
Vill Leit hunn nach Kassetten, LP'en an aner Medium'en wou Tounopnahmen drop gespäichert sinn.

Mir kënnen Iech dëst Material digitaliséieren an duerno op CD bréngen, an dat souguer a verbesserter Qualitéit. Sou ginn Är wäertvoll Toundokumenter net verluer an duerch eis Audio Restauratioun kënnen se rëm wéi nei blénken!

Bild
CD-PRODUKTIOUN
Zanter 2002 produzéiere mir all Zort vun Audio-CD'en an eise Studio'en. Egal ob Demo-CD oder 3-fachen Album, hei ass alles méiglech. Vum klénge Coversong bis hin zur Eegekompositioun, kënne mir Iech weiderhëllefen. D'Opname kënnen awer och "sur place" opgeholl ginn, sou dass Ären Orchester, Band oder Sänger live op der Plaatz opgeholl ka ginn.

Et ginn awer och eng Rei Cadeau's-CD Méiglechkeeten, sou dass dir schonn vir e klenge Budget z.B. engem fir de Gebuertsdag kënnt sangen, fir Valentinsdag engem Är Léift mat enger CD kënnt matdeelen oder einfach nëmmen aus Spaass dem beschte Kolleg e Lidd ophuele kënnt.

Bei gréissere Produktioune bekëmmere mir eis ëm ALLES. Dat heescht vun Urheberrechter, iwwer Cover Design bis hin zu der Duplikatioun vun Ärem Disque. Alles aus enger Hand. Natierlech ass et eis och méiglech Är Musek op allen grousse Museksplattformen am Internet ze verëffentlechen.

Bild
P.A. LOCATIOUN
Och em d'Sonorisatioun kënne mir eis bekëmmeren. Beschallung vun Theateren, Club'en, Kulturzenteren oder Reuniounssäll kënnt Dir bei eis lounen oder kafen.

Beschallungen a grousse Säll si bis zu 500 Leit méiglech. Mat ausgesichtem Material (Lautsprecher, Verstäerker, Mikro'en, Mëschpulter,...) maache mir dass och jiddereen alles am Sall matkritt wat dir ze erzielen hutt.

© 2014  PRO SOUND & MEDIA PRODUCTIONS. All rights reserved.